Hutt dir « Coaching » gesot…?

Décisiounen ginn iwwerall ëmmer méi séier geholl. A wat mer méi Informatiounen hunn, wat décidéieren méi schwéier gëtt amplaz méi einfach.

Hei kann e Coach hëllefen.

Während dem Coaching kritt de “Coachee” d’Geleeënheet méi lues ze maachen a séng berufflech a privat Erausfuerderungen en engem anere Liicht ze gesinn. Zesummen mam Coach beschwätzt de Coachee säi Kontext a kritt éierlechen a transparente Feedback. Et ginn nei Perspektiven entdeckt a Komfortzonen a Fro gestallt.

Esou erreechen di zwee zesummen d’Ziil vum Coaching: nei Perspektiven ze fannen, verstoppte Léisungen z’entdecken an dat alles konkret am Alldag ze verankeren.